arrow_back_ios

One World

Anthropos

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

D'Songwriterin an Theater-Autorin Somi huet viru Kuerzem "Zenzile: The Reimagination of Miriam Makeba" verëffentlecht. En Album zu Éiere vun der "Mama Africa", wéi d'Miriam Makeba och genannt gouf.


Anthropos ass en alt griichescht Wuert fir Mënsch. Dëst ass och d'Iwwerschrëft vum Musek- an Theater-Duo Kinbom & Kessner hirem neien Album. Bei "Anthropos" beschäftege si sech mam Anthropozän a mat der mënschlecher Natur. De Begrëff Anthropozän bezeechent en Zäitalter, an deem et d'Mënschheet ass, déi en dominanten geophysikaleschen Afloss op eisen Äerdsystem huet. An domadder hunn och mir Mënschen d'Verantwortung iwwer d'Zukunft vun eisem Planéit. E pertinenten Inhalt an d'Klangwelte kommen aus der däitschsproocheger Liedsammlung ganz an der Traditioun vun engem Brecht a Weil.


Ëm d'Verantwortung an ëm de Rapport vum Mënsch zu der Äerd geet et och am Erik Aliana sengem Album "Ancestors". Mat dësem Disk erënnert hien u seng Virfaren, un hire Rapport mat der Natur, der Gesellschaft an der Spiritualitéit.


De Sergio Sayeg (aka Sessa) mécht mat sengem Album "Estrela Acesa" en Hommage un d'Bedeitung vun der Musek, en Disk, deen eng Zort Bréck schléit tëschent der weltlecher an der spiritueller Existenz.


Déi amerikanesch Soul-Pop Singer-Songwriterin Kendra Morris huet viru Kuerzem hiren neien Album "Nine Lives" verëffentlecht. Déi néng Liewe vun der Kaz sinn hei eng Metapher, op déi d'Artistin sech baséiert.


Playlist:



Somi - House of the Rising Sun - Zenzile: The Reimagination of Miriam Makeba

Somi - Pata Pata - Zenzile: The Reimagination of Miriam Makeba

Ibrahima Cissokho & Mandingue Foly - Ware - Liberté Mom Sa Bop

Kinbom & Kessner - Exodus - Anthropos

Kinbom & Kessner - Alexandria - Anthropos

Kinbom & Kessner - Pompeji - Anthropos

Fai Baba - Veränderet - Veränderet

Erik Aliana - Respects - Ancestors

Cuarteto Tafi & Leïla Martial - Yo Soy el Indigo (feat. Deep Kelins) - Amanecer

Sessa - Canção da Cura - Estrela Acesa

Kendra Morris Nine - Who We Are - 9 Lives

Myles Sanko - Where Do We Stand - Memories of Love

True Loves - Sunday Afternoon - Sunday Afternoon


Episoden

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow