Europa Aktuell
Solvit Lëtzebuerg feiert 20 Joer
5 min
Virun 20 Joer huet d'Europäesch Kommissioun ee Service an d'Liewe geruff, vun deem am Fong jiddweree profitéiere kann, deen awer nach ëmmer net gutt bekannt ass: Dee sougenannten europäesche Solvit-Reseau soll Bierger an Entreprisen hëllefen, déi Problemer mat ëffentleche Verwaltungen an engem aneren EU-Land hunn. De Service ass gratis, an awer ass en net gutt bekannt. D'Zuel vun de Konflikter, déi iwwer de Lëtzebuerger Büro geléist goufen ass iwwerdeems zejoert liicht geklommen. Solvit hat déi lescht Woch de Bilan virun der Press gezunn an Marlène Clement huet Detailer.