arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Breaking the Thermometer

Breaking the Thermometer

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

Den Etienne Sevet a säi Projet The Bongo Hop huet fënnef nei Lidder verëffentlecht, derbäi ass d'Nidia Gongora, den angolaneschen Semba-Meeschter Paulo Flores an déi algeeresch Sängerin Souad Asla.


E weideren Track, deen zu der Playlist vum Summer passt, ass déi nei Single "Yemamaya" vum franséisch-brasilianeschen Duo Luiz Gabriel Lopes & iZem. D'Single kënnegt och en éischten Album fir d'Rentrée un. De Luiz Gabriel Lopes huet fir vill brasilianesch Artisten d'Gittar gespillt an och Musek produzéiert, notamment fir Artisten aus den indigene Communautéite vum Amazonas. Iwwer 10.000 km vun do ewech kultivéiert de Fransous iZem säi Groove mat Inspiratiounen aus allen Ecke vum Planéit.


Op Basis vum Theema vun der Kinnigin vu Saba retracéieren d'Angélique Kidjo an den Ibrahim Maalouf d'Renconter mam Kinnek Salomon, dee bekannt war fir seng Wäisheet. D'Kinnigi vu Saba wollt dës iwwerpréiwen, andeems si him siwe Rätsel ze léise ginn huet. Dës Rätsel ginn hei vun den zwee Artiste musikalesch ëmgesat.


Den amerikanesche Country-Blues Museker Charlie Musselwhite huet en neien Album "Mississippi Son". Hei héiere mir eege Kompositiounen an Interpretatioune vun aneren Artisten. En excellenten Album, hallef akustesch a spuersam instrumentéiert, deen d'Essenz vum Blues erëmgëtt an d'Déift vum Musselwhite senger Stëmm.


De Blues gëtt och revisitéiert um Album "Black Box" vum franséische Gittarist, Komponist, Arrangeur a Produzent Nicolas Repac. De Repac ass e subtille Meeschter vum Sampling an de fräien Associatiounen a léist eis a säi groussen zäitgenësseschen Metissage andauchen. "Black Box" hëlt eis mat un d'Sourcë vum Blues.


Och den Damien Jurado presentéiert säi neien Album "Reggae Film Star". Den amerikanesche Singer-Songwriter vu Seattle léist bei dësem neien an 18. Disk duuss, akustesch a villschichteg Texturen erkléngen.


"Breaking the Thermometer" ass deen neien an onëmgänglechen Album vun der Leyla McCalla. Hir Eltere waren Aktivisten, déi virum Duvalier-Regimem op New-York geflücht sinn. Zanter ville Joren fuerscht d'Leyla no hirem kulturellen, haitianeschen Ierwen. 2019 ass d'Duke University u si erugetruede mat engem Projet. D'Uni hat den Toun-Archiv vu Radio Haiti iwwerholl, dës Radios-Statioun, déi als éischt, onofhängege Medium an de Jore vun der Diktatur iwwer d'Situatioun am Land beriicht huet. Wichteg ass, datt de Radio op kreolesch gesent huet, der Sprooch vum Vollek! D'Uni wollt d'Jore vun der Diktatur an der uschléissender Revolutioun, d'Roll vu Radio Haiti an hire Grënner Jean Dominique an Michèle Montas, an engem multidisziplinäre Büne-Projet opschaffen. Dorausser huet sech "Breaking the Thermometer to Hide the Fever" entwéckelt. Den Album "Breaking the Thermometer" vun der Leyla McCalla ass en zweet Resultat vun dëser Initiativ. Fir den Theater-Projet hat si de Radio-Archiv duerchwullt an hat vill Material fir domadder Lidder zesummenzestellen. "Breaking the Thermometer" vun der Leyla McCalla, en Disk, wou et generell ëm Ënnerdréckung, ëm Demokratie an Exil, awer och ëm Léift geet, Léift, déi et schlussendlech méiglech mécht all Schwieregkeeten ze iwwerstoen.


Op "Hymne Au Soleil" presentéiert de Multiinstrumentalist a Komponist Laurent Bardainne zesumme mat senger Band Tigre d'Eau Douce e smoothen Jazz mat Aflëss aus Soul, Funk, Worldbeat a rare Groove.


Playlist:



The Bongo Hop - La Napa (feat. Nidia Góngora) - La Napa

Luiz Gabriel Lopes & iZem - Yemamaya - Yemamaya - Single

Ibrahim Maalouf & Angelique Kidjo - Ife - Queen of Sheba

Charlie Musselwhite - Pea Vine Blues - Mississippi Son

Nicolas Repac - Redemption Blues (I Know His Blood Can Make Me Whole) - Black Box

Nicolas Repac - La fuerza del sentimiento - Black Box

Kraked Unit - Lucky Charm (Album Mix) [feat. Piers Faccini] - Ce qui nous lie (Bande originale du film)

Damien Jurado - Meeting Eddie Smith - Reggae Film Star

Marissa Nadler - Drive - July

Leyla McCalla - Fort Dimanche - Breaking the Thermometer

Laurent Bardainne & Tigre d'Eau Douce - Combly Family- Hymne au soleil

Sly & The Family Stone - If You Want Me to Stay - Fresh

Sly & The Family Stone - In Time - Fresh


Episoden

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow