Europa Aktuell
Aus fir de Verbrennungsmotor?
7 min
D'Deeg vum Verbrennungsmotor si gezielt. D'Europäesch Kommissioun hat proposéiert, datt vun 2035 u keng Autoe méi an der Europäescher Unioun dierfe verkaf ginn, déi mat Bensin oder Diesel fueren. Virun dräi Wochen hat sech d'Europaparlament deem Virschlag ugeschloss. Och Lëtzebuerg ass do dofir, wéi d'Ëmweltministerin gëschter an eisem Interview betount huet. D'Joelle Welfring souz hënt laang mat hire Kolleegen aus de 27 EU-Memberlänner zesummen. Um Dësch louchen och eng Partie aner Deeler vum Klimapak, deen d'Kommissioun am Summer zejoert presentéiert hat.
Wat genee gouf dann elo op där laanger Reunioun hei um Kierchbierg decidéiert? A wat heescht dat fir Lëtzebuerg? Doriwwer schwätze mir elo mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber, dat déi Reunioun fir eis suivéiert huet