arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Soft and Hard

Soft and Hard

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

De Ben Harper verschafft op sengem neien Album "Bloodline Maintenance" d'Bezéiung zu sengem Papp. Den Disk ass eng Uklo, datt an Amerika nach ëmmer wäiss a schwaarz Mënschen net gläichgestallt sinn.


De Brudder vum legendären Nat King Cole, de Freddy Cole, kënnt zu Wuert mam Titel "Brother, Where Are You? Extrait aus "The Cole Everybody Knows / The Best Year of My Life".


Déi ex-Hallschecht vum Grupp Air, de visionäre Komponist, iwwregens och Physik-Proff JB Dunckel seet, datt hie fir säin neien Album vum Element Kuelestoff beaflosst gouf. Esou ass dem Jean-Benoot säin neien Album logescherweis "Carbon" iwwerschriwwen. 20 Joer laang war hien d'Hallschecht vum Grupp Air ... op "Carbon" analyséiert de Museker a Physiker de vitalen an universelle Rapport tëschent dem Kuelestoff an dem Mënsch ...


"Moonlit Parade" ass de sechsten Album vum bei eis nach relativ onbekannte brittesche Songpoet Jono McCleery. Den Album ass licht melancholesch, et geet ë. a ëm ongezwonge Fräiheet, d'Eleng-Sinn an der Nuecht an ëm Fernweh ...


Déi tierkesch Sängerin a Multiinstrumentalistin Derya Yildirim huet eis séier ëm de Fanger gewéckelt mat hirer schéiner Stëmm. Begleet gëtt si vum Grupp Şimşek an enger hypnotescher anatolescher Pop, dat Ganzt ergëtt eng Mëschung vun tierkeschem Folk a psychedelesche Grooven.


Lalalar ass en Trio, deen zu Istanbul baséiert ass, an dee mat "Bi Cinnete Bakar" säin Debut verëffentlecht huet: e Rock-Album mat engem interessanten Zesummespill tëschent den Instrumenter, si wëssen, wéi een Tensioun opbaut, gläichzäiteg elegant an effektiv.


Hercules & Lover Affair sinn op en neits zesumme mam ANOHNI. No enger Rupture a längerer Paus sinn déi zwee Artist:innen um neien Album "In Amber" nees vereent.


"Sky Dust Drifter " ass eng Anthologie, déi aus der Isolatioun an aus déiwer Introspektioun eraus entstane ass. Eng Zort Soundtrack mat engem lonesome Cowboy, e Retter vum Lockdown. "Sky Dust Drifter" gedeit an der Einsamkeet, an engem Universum, wou d'Eleng-Sinn net als Däischter empfonnt gëtt, mee als opflamend Liicht vun der Autonomie.


Playlist:


1. Ben Harper - We Need To Talk About It - Bloodline Maintenance

2. Ben Harper - Problem Child - Bloodline Maintenance

3. Freddy Cole - Brother, Where Are You? (feat. Buddy Cooner, Ed Edwards & Paul Avery) - The Cole Everybody Knows / The Best Year of My Life

4. JB Dunckel -Sex Ufo - Carbon

5. Jack White - If I Die Tomorrow - Entering Heaven Alive

6. Jono McCleery - From a Place -Moonlit Parade

7. Derya Yildirim & Grup Simsek - Bal - Dost 2

8. Kibrom Birhane - Digis - Here and There

9. Lalalar - Kilavuz Karga - Bi Cinnete Bakar

10. Hercules & Love Affair & ANOHNI - Poisonous Storytelling - In Amber

11. The Smile - The Opposite - A Light for Attracting Attention

12. Sunburst - Special Lady - Sky Dust Drifter/Various Artists

13. Ron Eliran - Sky Dust Drifter - Sky Dust Drifter

Episoden

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow