Biotop
Offal vermeiden
15 min
Wa mir weiderhin ouni ze iwwerleeë mat eisem Offall ëmginn, da wäert dat niewent dem Klimawandel e weideren onléisbare Problem ginn. D'Deponië gi voll, och mat den Äsche vun der Verbrennungsanlag - an d'Produktioun vun deem, wat ewech geheit gëtt, kascht Energie a gëtt CO2 of. An deem Sënn dréit onnéidegen an ze vill Offall och zum Klimawandel bäi. En plus ass all Offall eng Verschwendung vu Ressourcen - Rostoffer an Energie, déi verluer ginn - dobäi si Rostoffer an Energie just begrenzt verfügbar.
Mir mussen eis ugewinnen, Offall ze vermeiden. Dat geschitt zum Beispill beim iwwerluechten Akaf, bei der richteger Gestioun vun de Liewensmëttel, bei der Decisioun, wéi ech mäi Mëttegiesse gestalten oder bei der Verlängerung vun der Notzungsdauer vun de Saachen. Schonn d'Kanner sollen de Wee zu null Offall kenne léieren, dëst z. B. mam "Mäin éischt Null-Offall-Buch". Fält Offall un, dann ass dat richtegt Zouféieren zum Recycling oder der Kompostéierung wichteg, fir Ressourcen ze recuperéieren.
D'Marianne Kollmesch vun der Ëmweltberodung mat weideren Informatiounen