Biotop
Chantiers nature, oder packt eng Hand mat un
16 min
Natur&Ëmwelt besteet aus der natur&ëmwelt asbl an der Fondatioun Hëllef fir d'Natur, zwou komplementar Organisatiounen, déi sech op verschidden Aart a Weise fir den Naturschutz zu Lëtzebuerg asetzen. Zesummen organiséiere si uechtert d'Land déi sougenannte Chantiers Nature am Kader vum Fit for Nature. Duerch verschidden Aktioune ginn Naturschutzgebidder mat der Hëllef vum Public erhalen. Jidderee ka sech umellen a sech dru bedeelegen an esou aktiv beim Naturschutz matwierke.
Informatiounen vun der Direktesch vun der Natur&Ëmwelt ASBL, Claudine Felten