Europa Aktuell
London: "Il y a de quoi s'inquiéter"
4 min
Am Vereenegte Kinnekräich suergt d'Budgetspolitik vun der Liz Truss fir vill Kappzerbrieches. D'Kombinatioun vun Hëllefen, fir datt d'Stéit hir Energie-Rechnunge packen a massive Steierreduktioune fir Groussverdénger huet d'Mäert an Opreegung versat. D'Resultat ass eng historesch Baisse vum Pond géintiwwer dem Dollar. Elo klammen d'Tauxe fir d'Immobiliekreditter, Dausenden Offere fir esou Prêten hunn an de leschten Deeg missten zeréckgezu ginn. D'Situatioun mécht de Britte Suergen a rifft Roserei ervir.
E Reportage vun eiser London-Korrespondentin Anaïs Cordoba