De Luxembourg Institute of Health LIH, an Zesummenaarbecht mat der Maison du Diabète, invitéieren e Mëttwoch, de 26. Oktober um 18:30 Auer op eng Konferenz iwwer d'Recherche bei Diabeetes zu Lëtzebuerg. Dës Konferenz ass op fir jiddwereen, besonnesch déi Leit déi mam Diabeetes liewen, hir Famillen a Frënn.
D' Konferenz ass an der Maison du Diabète.
Rezent Erkenntnisser am Zesummenhang mat der Entwécklung vun technologeschen Innovatioune fir d'Behandlung vum Zocker ginn diskutéiert an nei Fuerschungsprojete virgestallt. Um Enn vun der Presentatioun hutt Dir d'Méiglechkeet de Fuerscher Froen ze stellen.
D'Konferenz wäert och zwee ganz innovativ nei Fuerschungsprojeten zu Lëtzebuerg virstellen: Colive a Psyvoice.
Mir hu bei der Fuerscherin Gloria Aguayo vum LIH nogefrot.