Europa Aktuell
EU-Kommissioun proposéiert Mesurë géint héich Energiepräisser
4 min
Zesumme Gas akafen, awer keen Deckel um Gaspräis - dat sinn déi grouss Linne vun neie Mesuren, déi d'Europäesch Kommissioun gëschter proposéiert huet.
Déi nei Propose sinn Deel vun engem méi grousse Pak, un deem d'Kommissioun zanter Méint schafft. De But ass et, deenen héijen Energiepräisser op europäeschem Niveau eppes entgéintzesetzen. D'Presentatioun vu gëschter kënnt kuerz virum EU-Sommet, op deem sech muer an iwwermuer zu Bréissel d'Staats- a Regierungscheffe gesinn. A si wäert do fir Diskussioune suergen, well elo scho feststeet, datt net jiddweree wäert zefridde sinn.
D'Danièle Weber mat Detailer