Halloween Wurscht - Mumien
Dauer: 30 Minutten
Mir brauchen:
Ee Pak Bliederdeeg
Ongeféier 8 vegan Wiener Wurschten
Mayonnaise
Schwaarz Kären
Zoubereedung:
Bliederdeeg ausbreeden & an der Breet no an dënn Scheiwe schneiden (ca. 1 cm breet)
Wurschte jeeweils an zwee schneiden
All Wurschten mat den dënne Scheiwe Bliederdeeg ëmkreesen, vun uewe bis ënnen; uewen eng Plaz frei loosse fir dono d'Aen hin ze maachen
All Wurschten op e Blech mat Bakpabeier leeën an se fir ronn 20 Minutten bei 180 Grad Celsius bake loossen, bis se gëlle brong sinn
Nom baken, d'Aen mat der Mayonnaise formen, a jeeweils e klenge schwaarze Kümmelkär dropleeën