arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Planzen-Alternative wéi Kokos-, Mandel-, Huewer- oder Soja-Drink

Planzen-Alternative wéi Kokos-, Mandel-, Huewer- oder Soja-Drink

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

12 min

Si schounen d'Ëmwelt a sinn gutt verdaulech awer d'Qualitéit vun den Inhaltsstoffer an d'Närwäerter sinn net ëmmer optimal. Et fënnt een hautdesdaags och ëmmer méi Alternativen aus Nëss, Soja, Weess, Räis oder Sonneblummekären. Mee sinn dës Alternative wierklech ëmmer gutt?


Bei klenge Kanner dierf een dës Alternativen net als Ersatz fir Mëllech huelen. Zesummesetzung vun den Närstoffer huet mat Mëllech näischt ze dinn, an et kann zu Mängel mat irreversibele Konsequenze kommen. Aus deene Grënn dierfe gesetzlech gesinn déi Alternativen net Mëllech genannt ginn. Den Term Mëllech ass geschützt a bezitt sech ausschliisslech op Koumëllech. Fir erwuesse Leit, déi gesond sinn, kënnen déi planzlech Alternativen awer interessant sinn.


Et lount sech awer e Bléck op Etikett: idealerweis enthält d'Gedrénks aus Planzen tëschent eelef an 12 Prozent vun der Basis-Planz. Och Zousazstoffer wéi Zocker, Séissungsmëttel, Konservéierungsstoff asw. sollten der esou wéineg wéi méiglech bäigesat sinn.


Haapt-Ingredienten an der Mëllech si Proteinnen, Kalzium, Phosphor a B- Vitaminnen. Déi sinn an de Pflanzenalternativen net d'selwecht gutt vertrueden. Den Equiliber mécht sech awer iwwer den Dag an net iwwer ee Liewensmëttel eleng, esou datt een dës Närstoffer och iwwer en anere Wee kann erakréien.


De Sojadrink enthält zum Beispill vill Proteinnen, déi och vun der Aminoseier-Zesummestellung interessant ass. Verschidde Geméiszorte wéi Brokkoli, grénge Kabes a Rucola a verschidden Nëss si gutt Kalziumliferanten. Allerdéngs gëtt aus de Planzen de Kalzium allgemeng manner gutt genotzt. Oxal- a Phytin-Seier aus dem Geméis, Weess a Som verhënnert d'Disponibilitéit.


Am Mineralwaasser ass de Kalzium an ioniséierter Form, déi de Kierper gutt ophuele kann. Vun 150 mg Kalzium pro Liter u ka sech e Mineralwaasser mat vill Kalzium nennen. Beim Gedrénks op planzlecher Basis dofir idealerweis ëmmer déi wielen, déi mat Kalzium ugeräichert sinn.




Am Studio ass d'Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin


Praktesch Tippen:



Soja an Huewer flockt net grad esou aus a passt gutt fir Gratin. Eng Mëschung Soja an Huewer ass hei och gutt

Lëscht vun den Ingrediente kucken: esou vill vu Mandel/Soja asw. wéi méiglech: 11-12 Prozent, Bioqualitéit ass besser

Vun den Närstoffer hier kann een et awer net als Alternativ zur Mëllech gesinn



Selwer gemaachte Planzenalternativen:


Cashewdrink:



50g Cashewkären

2 Dattele

500ml kachend Waasser

Salz

eventuell di rout Alg " lithothamnium calcareum ".

Alles mixen.

Et hält sech bis zu 3 Deeg am Frigo



Jughurt:



50 g réi Hirse (millet)

50 g Cashewnëss

25-40 ml Zitrounejus

500 ml Waasser

4-8 Dattele

Alles mixen



(Rezepter vun der Edith Gätjen)


Huewerdrink:



1,5 l Waasser zum Kachen bréngen

100 g Huewerflacken dobäi ginn. E bëssen Salz dobäi maachen

Wann ee wëllt kann een och gäre bëssen Hunneg oder Dattel dobäi gi fir ze séissen

1-2 Minutten lues kache loossen

Ofkille loossen a mat engem Mixer reng püréieren

Da Mëschung an en Nossmëllech-Säckelche maachen an all Flëssegkeet erausdrécken



(essen und trinken.de)


Quellenangabe:



Ugb.de: Ein Traum in Reis

Dge.de

Edith Gätjen, Dr. Markus Keller. Vegane Kinderernährung: gut versorgt in jeder Altersstufe. s.l.: Eugen Ulmer KG, 2020.

Dr. Markus Keller, Edith Gätjen. Vegane Ernährung: Schwangerschaft, Stillzeit und Beikost; Mutter und Kind gut versorgt. s.l.: Eugen Ulmer KG, 2017

Springlane. [En ligne] [Citation: 23 01 2021.] https://www.springlane.de/magazin/pflanzliche-ernaehrung/

Rittenau, Niko. Vegan-Klischee ade! Wissenschaftliche Antworten auf kritische Fragen zur veganen Ernährung. s.l.: Ventil Verlag UG, 2019

Spiegel.de: Wie gesund ist Hafermilch?




Episoden

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag | © Chinnapong

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag

An enger Zäit vum Iwwerfloss: Wat Faaschten haut bedeite kann - manner Reizer, méi Rhythmus an e bewossten Ëmgang mat Iessen.
headphones

8 min

play_arrow
Iessstéierungen | © digitalista / Bigstock

Iessstéierungen

Anorexie, Boulimie an d’Binge-eating-Stéierung ginn tehamtiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken | © Brebca

Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken

Faarwen, Musek a Beliichtung beaflossen '‘Stëmmung, den Appetit an de Genoss - a weisen, firwat genossvollt Iesse méi gesond a méi zefriddestellend ass.
headphones

9 min

play_arrow
Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach | © Marika Kosheleva

Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach

Wéi wierke Batterstoffer aus de Liewensmëttel op eis Gesondheet ?
headphones

11 min

play_arrow
D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

Kann ee mat gesondem Iessen dem Houscht a Schnapp entgéint wierken?
headphones

10 min

play_arrow
Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Mir huelen d‘Wuerzelgeméis ënner d’Lupp an entdecken, wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer et enthält.
headphones

12 min

play_arrow
Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaaschten ass en Trend - mee wat ass wëssenschaftlech beluecht? Eng komplett Aschätzung zu Notzen, Mythen, Fraen a laangfristeger Gesondheet
headphones

7 min

play_arrow
Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen | © Bigstock

Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen

Diabetes am Aarbechtsalldag: Erausfuerderungen, Mythen an d’Roll vum Employeur, de Kolleegen a Betraffen
headphones

4 min

play_arrow
Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit

Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit

De Joresufank ass d’Zäit vun de gudde Virsätz. Méi gesond iessen ass ee vun deene beléiftsten.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien? | © Bigstock

Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien?

Wiem kann esou eng Berodung hëllefen, a wéi eng Sujete ginn an enger Ernärungsberodung behandelt?
headphones

12 min

play_arrow
Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech? | © Bigstock

Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech?

En Abléck an déi neurobiologesch an ernärungswëssenschaftlech Mechanisme vu Fast Food souwéi Strategië fir méi bewosste Genoss
headphones

9 min

play_arrow
Gesond Zosen | © Bigstock

Gesond Zosen

Ze fetteg, ze salzeg oder ze mielzeg, da léiwer drop verzichten, oder net?
headphones

12 min

play_arrow
Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8 | © Bigstock

Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8

Eine neue europaweite Studie soll dabei helfen, Adipositas einzudämmen - worum geht es.
headphones

14 min

play_arrow
Fäerdegproduiten | © Bigstock

Fäerdegproduiten

Si se wierklech esou schlecht, wéi ëmmer gesot gëtt?
headphones

8 min

play_arrow
Eng nei Etapp fir d’EHTL: de Campus Sud zu Wickreng | © EHTL

Eng nei Etapp fir d’EHTL: de Campus Sud zu Wickreng

2025 mécht d’EHTL en zweete Campus zu Wickreng op a bréngt seng Expertise méi no bei d’Schüler:innen aus dem Süde vum Land.
headphones

6 min

play_arrow
Boxemännercher, Liefkuch a Stollen

Boxemännercher, Liefkuch a Stollen

Beléifte Schneekegkeete verbonne mat Traditioun, déi eis op Niklosdag, Advent a Chrëschtdag astëmmen.
headphones

11 min

play_arrow
Bioaktive Planzenstoffe wie etwa Polyphenole - wie wichtig sind diese? | © Bigstock

Bioaktive Planzenstoffe wie etwa Polyphenole - wie wichtig sind diese?

Nicht lebensnotwendig aber hilfreich? Was ist dran an Polyphenolen, Karotenoiden, Pflanzensterolen und anderen?
headphones

7 min

play_arrow
Mat spezielle Forschetten oder Stäbercher zu engem bessere Siedegungsgefill | © vitaliymateha / Pexels

Mat spezielle Forschetten oder Stäbercher zu engem bessere Siedegungsgefill

Kann een ouni Regime just mat méi ongewéinlechem Besteck ofhuelen?
headphones

8 min

play_arrow
Wat ass Prädiabeetes?

Wat ass Prädiabeetes?

Prädiabeetes bleift dacks laang onentdeckt. Dobäi ass en e wichtegt Warnzeechen. Mat Ernärung a Beweegung léisst sech d’Entwécklung dacks nach ophalen.
headphones

4 min

play_arrow
Mat Pumpkins den Hierscht gesond a kreativ genéissen | © Bigstock

Mat Pumpkins den Hierscht gesond a kreativ genéissen

Beléift fir ze iessen an als Dekoratioun
headphones

10 min

play_arrow