Europa Aktuell
Uber Whistleblower appeléiert un d'Europaparlament
4 min
Et muss méi iwwer d'Praxis vu Plattforme wéi Uber bekannt gemaach ginn. Dat sot dës Woch de Mark MacGann zu Lissabon um internationale Websummit, op deem sech Representante vun digitalen Entreprisë begéinen.
De MacGann ass responsabel fir d'Uber-Files. Dat si méi wéi 120.000 Dokumenter, déi dëse Summer virun allem déi diskutabel Lobbyaarbecht vun Uber opgedeckt hunn. Den iresche "Whistleblower" huet och am Europaparlament en Appell gemaach, méi streng géint Entreprisë wéi Uber virzegoen. D'Danièle Weber iwwer déi lafend Diskussiounen iwwer eng EU-Direktiv, déi genee dat zum Zil huet.