Europa Aktuell
Portugal wëllt gëlle Visaen ofschafen
4 min
A Portugal kéinten d'Deeg vun de sougenannte "golden visas" gezielt sinn. Dës Visae gi fir eng Dauer vun zwee Joer u Leit verdeelt, déi op d'mannst eng hallef Millioun am Land investéieren. Am Ganze goufen der eng 11.000 erausginn, zanter dat se virun zéng Joer ageféiert goufen. Déi Zort Visae stinn an der Kritik, datt duerch si d'Immobilien a Portugal méi deier ginn. Versich vun der Regierung deem entgéint ze wierken hunn iwwerdeems net funktionéiert.
Déi lescht Woch hat de portugisesche Premier Antonio Costa iwwerraschend d'Enn vun de gëllene Visaen annoncéiert.
D'Marie-Line Darcy informéiert.