Europa Aktuell
EU mécht sech Suergen iwwer massiv Subventioune fir US-Industrie
4 min
Den amerikanesche President Joe Biden wëllt d'USA méi gréng, méi klimafrëndlech maachen. Am Kader vum sougenannten "Inflation Reduction Act" sollen Honnerte vu Milliarden Dollar Subventiounen an de Secteur vun de klimaneutralen Technologië fléissen. Suen déi un d'Konditioun geknäppt sinn, amerikanesch Matière Premièren anzesetzen an op amerikanesch Main d'Oeuvre zeréckzegräifen.
An der EU mécht ee sech Suergen an diskutéiert doriwwer, wéi dorop soll geäntwert ginn. D'Danièle Weber huet d'Reunioun vun de Finanzministere gëschter suivéiert.