Biotop
Aktiounen am Kader vum nationalen Dag vum Bam
12 min
Den Nationalen Dag vum Bam feiert 30 Joer. En Evenement, dat duerch d'Klima- an d'Biodiversitéitskris eng ëmmer méi grouss Bedeitung kritt. Initiéiert gouf dësen Dag vun der Fondation Hëllef fir d'Natur mat der Ënnerstëtzung vun der Naturverwaltung,
D'Gemengen an d'Veräiner uechter d'Land ginn op dësem Dag dozou opgeruff, Beem oder Hecken ze planzen an och Privatleit kënnen deelhuelen an esou eppes Guddes maache fir d'Natur awer och fir d'Zukunft. Esou planzen z. B. vill Gemenge Beem fir déi neigebuere Kanner. Et gëtt och ëmmer e Bam vum Joer: dës Kéier ass et d'Bich.
An deem Kader sinn uechter d'Land eng ganz Rei Planzaktioune fir Beem an Hecke vu Gemengen, Organisatiounen an Entreprisen.
Explikatiounen mam Gilles Weber, Direkter vun der Fondation Hëllef fir d'Natur