Europa Aktuell
EU streit weider iwwer d'Verdeele vu Refugiéen
4 min
An der EU ass de Sträit iwwer d'Migratioun nees nei ausgebrach - nodeems déi italieenesch Regierung decidéiert hat, Refugiéen, déi vu Rettungsschëffer am Mëttelmier opgeholl gi waren, net u Land ze loossen.
Frankräich huet Italie schaarf kritiséiert an en Donneschdeg decidéiert, d'283 Flüchtlingen u Bord vum Schëff Ocean Viking am Hafen zu Toulon u Land goen ze loossen. Am Géigenzuch géif een elo keng Refugiéë méi ophuelen, déi an Italien ukoumen, esou d'Annonce vu Paräis.
Dee Sträit konnt gëschter op der Reunioun vun den Ausseministeren zu Bréissel net bäigeluecht ginn. D'Danièle Weber informéiert.