Perfekt fir de Kaffi oder Téi Nomëtteg.
Dauer: 20 Minutten
Fir d'Cookies brauche mir:
100 g Margarine
210 g brongen Zocker
220 g Miel (am beschten Typ 55)
60 ml Mëllech (am beschten Sojamëllech)
1 Kaffisläffel Vanill-Extrakt
1 Kaffisläffel Bicarbonate de soude
1 Kaffisläffel Backpulver
¼ Kaffisläffel Salz
Ronn 120 g Schockela-Stécker (oder Schockela a Stécker gehackt), fir manner Schockela-Goût manner wéi 120 g huelen
Zoubereedung:
De Schäffchen op 180 Celsius wiermen (Ober-/Unterhitze)
An enger Schossel d'Margarine an den Zocker mixen, am beschte mat engem Stand- oder Handmixer
Mëllech a Vanill dobäi mëschen
An enger anerer Schossel, d'Miel, de Bicarbonate de soude, de Backpulver an d'Salz vermëschen, mat engem Schnéibiesem
Den dréchene Mix bei de flëssege Mix dobäi ginn, mat engem Stand- oder Handmixer gutt mixen
D'Schockela-Stécker dobäi ginn a mat engem Zoppeläffel kuerz vermëschen
Jee 1 groussen Zoppeläffel vun der Mëschung op de Bakblech leeën a fir ronn 10 Minutte baken, bis se gëlle ginn
E bëssen ofkille loossen, an d'Cookies nach wotlech genéissen (z. B.mat waarmer Mëllech)