Einheimesch Vullen an déi, déi op der Duerchrees sinn, gi virgestallt: Carduelis carduelis
Vun der Märel bei d'Laachméiw bis bei d'Duerteldauf, mir stellen Iech déi Vulle vir, déi grad ënnerwee sinn am Land oder hir fest Plaz d'ganz Joer iwwer bei eis hunn.
Dës Kéier léiert Dir den Dëschtelpéckchen, Distelfink kennen, e faarwegen a ganz montere Gesell, en ass och ganz wibbeleg a sengt d'ganzt Joer iwwer. Virgestallt vum Ornitholog Patric Lorgé.