arrow_back_ios
Europa Aktuell
Gaspräisdeckel: ee grousse Witz?
Deen aktuelle Mechanismus, deen déi Europäesch Kommissioun proposéiert fir de Gaspräis ze deckelen, wäert esou net kënnen ëmgesat ginn. Spuenien a Polen hunn dës Woch schonn ze verstoe ginn, datt si de Projet als "schlechte Witz" empfannen. Vun enger "usine à gaz" schwätzt och den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF hei a senger Europachronik.