Den 3. Dezember 1967 gléckt dem Christiaan Barnard mat engem Team vun 31 Persounen déi weltwäit éischt Transplantatioun vun engem Häerz bei engem Mënsch. De Patient sollt den Agrëff iwwerliewen, stierft awer no 18 Deeg un de Suitte vun engem Infekt an enger Longenentzündung. Den zweete Patient deen den 2. Januar 1968 eng Transplantatioun krut, huet 18 Méint mam neien Häerz iwwerliewt. De Christiaan Barnard gouf duerch seng Häerztransplantatioun weltwäit bekannt a gouf eng Zort Mediestar. Hie stierft den 2. September 2001 am Alter vun 78 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Éischt Häerztransplantatioun viru 55 Joer
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min