Europa Aktuell
Ungarn erpresst déi aner 26 EU-Länner
Ungarn ass amgaang déi aner 26 EU-Länner ze erpressen. An huet e gewësse Succès domat. D'EU-Finanzministeren hu gëschter net wéi geplangt doriwwer ofgestëmmt, ob Ungarn EU-Suen fir ee Corona-Hëllefsplang zegutt huet, op deen d'Land nach ëmmer waart.
Et gouf och keng Decisioun doriwwer geholl, ob d'Land EU-Suen gestrach soll kréien, well et sech net un d'EU-Reegelen hält. Alles dat, well d'Regierung vum Premier Viktor Orban ganz einfach an zwee aneren EU-Dossieren, déi just à l'uninamité kënnen ugeholl ginn, blockéiert.
D'Danièle Weber doriwwer, wat gëschter op der Reunioun vun de Finanzministere geschitt ass.