Biotop
D'Gesondheet vun eise Flëss
Bedreeten Déiercher, déi op der Kaalbermillen eng zweet Chance kréien.
Muschelzuuchtstatioun, Waasser-Erliefniszenter, Laboratoire. D'Kaalbermillen huet eng Rei Funktiounen a Missiounen, déi sech mat eise Flëss an hirem Zoustand auserneesetzen. 1997 konnt d'Fondation Hëllef fir d'Natur d'Kaalbermillen opkafen, an 2005 konnt se als Muschelzuuchtstatioun a Betrib geholl ginn dank EU-Subsiden am Kader vum LIFE Unio Projet. Säitdeem konnten zirka 17.000 vun de vum Ausstierwe bedreet Bach- a Flosspärelmuschelen an der Groussregioun ausgesat ginn, iwwer 5.000 eleng dëst Joer. Genee esou wéi mir Mënsche brauche si proppert Waasser, mee den Zoustand vun eise Baachen a Flëss sinn net ideal.
Invité ass de Michel Frisch, Ëmwelttechniker a Fëschwiert bei der Fondation Hëllef fir d'Natur.