Biotop
E klenge Schrëtt fir mech, e grousse Schrëtt fir meng Ëmwelt
7 min
Och wann et esou schéngt, datt eis kleng individuell Aktioune kee wesentlechen Ënnerscheed maache vis-à-vis vun de globalen Ëmweltproblemer, ass d'Realitéit awer déi, datt de kollektiven Impakt vun all eise Gewunnechten bedeitend ass.
Vu moies bis owes hu mir Decisiounen ze huelen, sief et doheem, op der Aarbecht oder dobaussen an der Fräizäit, déi eisen ekologesche Foussofdrock entweder méi grouss, oder méi kleng maachen.
Fir de Leit ze hëllefen den Duerchbléck ze halen, goufen am Kader vum "Kleng Schrëtt"-Projet Recherchë gemaach, fir déi wichtegst Aktiounsiddien ze definéieren. Déi sinn a verschidde Kategorien asortéiert: Manner Plastik, richteg hëtzen, aktiv Mobilitéit, nohalteg Ernärung, wëll Déiere schützen, gréngen Internet, manner Pestiziden, asw ...
Grouss Aktioune si wichteg, mee hei konzentréiere mir eis op kleng konkret alldeeglech Gesten, déi jiddwereen engagéieren.