Biotop
D'Botz an d'Fleeg vum Gaardegeschier
11 min
An e puer Wochen geet d'Gaardesaison erëm lass, an dann wier et vu Virdeel, wann een d'Gaardengeschier och scho schéi propper gebotzt a prett leien huet, fir direkt kënne lasszeleeën. Doriwwer geet rieds am Gespréich mat der Danièle Keup vun der Liga Gaart an Heem
Et sollt ee sech beim Kaf vum Geschier berode loossen, datt ee sech dat richtegt Geschier keeft fir säin Bedarf. Mee och ëm dat deierst Geschier vu beschter Qualitéit muss ee sech bekëmmeren, fir datt ee laang Freed drun huet. Dat heescht mol als éischt säi Geschier nom Schaffen ëmmer ze botzen, an et propper an dréchen ze lageren. Eemol am Joer sollt ee sech méi intensiv domat beschäftegen. Verschiddenes sollt een auserneebauen, naass oder dréche botzen an dann uelegen.