arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Vanity Vanity All Is Vanity

Vanity Vanity All Is Vanity

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

"Yn Rio" ass deen drëtten Album vum walisesche Museker Carwyn Ellis, agespillt an der Collaboratioun mat Rio 18 an dem BBC National Orchestra of Wales. E Coup de Coeur fir all déi, déi vun der Sonn genierte Kläng gären hunn.


"Cheat Codes" ass dee leschten Album vum Produzent Danger Mouse an dem Rapper Black Thought iwwerschriwwen, en Disk, deen den Ausgegrenzte gewidmet ass.


Rodolphe Burger, Sofiane Saidi a Mehdi Haddab hunn en neien Album: "Mademoiselle": irresistibel!


Dem Produzent Schvédranne säi Konzept-Album "Vanity Vanity All Is Vanity" ass en Disk an Éiere vum mythesche Poet vu San Francisco, Jack Hirschman.


De Cyril Lefebvre, dee säi Liewen der Slide Gittar an der Ukulele gewidmet huet, héiere mir an der Interpretatioun vum Satie senger Gnossienne Nr. 1, ze fannen um Album "Cocaïne Blues". Eng kleng Pärel, hallef Roots, hallef experimentell. Den Disk koum 1977 eraus.


Shake Stew ass eng Band, déi als en explosive Phenomeen beschriwwe gëtt: e Septett mat engem Trompettist, zwee Saxofonisten, zwee Bassisten an zwee Batteuren ...


Playlist:



Carwyn Ellis & Rio 18 (with BBC National Orchestra Of Wales) - Olá! -Yn Rio

Nicola Són - Padam Padam - Piaf do Brasil

Chancha Vía Circuito & Femina - Cometa - La Estrella

Ben Sidran - About Love - Feel Your Groove

Danger Mouse & Black Thought - The Darkest Part (feat. Raekwon and Kid Sister) - Cheat Codes

Schvédranne & Jack Hirschman - The Endless Threshold Arcane (feat. Robert Spline) - Vanity Vanity All Is Vanity

Rodolphe Burger, Sofiane Saidi & Mehdi Haddab - One Two Three - One Two Three - Single

Think Zik ! All Star & Ben l'Oncle Soul - River - Acoustic "Love" Sessions

Rodolphe Burger - Gute Nacht

Cyril Lefebvre - Gnossienne N°1 - Cocaïne Blues

Stelios Petrakis Quartet - Rodo Ts' Avgis - Spondi

Shake Stew - Wake Up and Be Gone - Heat

Still Corners - It's Voodoo - The Last Exit


Episoden

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow