Biotop
Urban Birds a Vulleschutz fir jiddwereen
12 min
Eis Siidlunge sinn net just een Doheem fir eis Mënschen, mee bidden och enger Villfalt un Déieren ee wichtege Liewensraum. Dozou gehéieren eng ganz Rei Villerchersaarten, deenen hir Populatiounen an deene leschte Joren allerdéngs staark zeréckgaange sinn.
Wouru läit dat, a wéi kënne mir dogéint ugoen? Ee Manktem u Fudder an eng modern Bauaart, déi wéineg Lächer a Ritze léisst fir Näschter ze bauen, sinn d'Haaptgrënn vun dësem Réckgang.
Duerch d'Ubrénge vun Naschtkëschten u Gebaier an eng méi naturno Gestaltung vun eise Gäert an ëffentleche Gréngflächen an eise Stied an Dierfer kënne mir eisen urbane Villercher hëllefen.
Wéi jiddweree ka mat upake fir deem negativen Trend entgéintzewierken, erkläert den Ornitholog Sören Salvatore.
Informatiounen iwwer déi traditionell Wantervullenzielung vum 27.-29. Januar 2023