Europa Aktuell
Qatargate: Mënscherechtskommissioun am EU-Parlament an der Kritik
4 min
Am Europaparlament steet ausgerechent déi parlamentaresch Kommissioun, déi fir d'Mënscherechter zoustänneg ass, mat am Mëttelpunkt vum Qatargate - deem groussen Korruptiounsskandal.
Hire fréiere President Antonio Panzeri, ee vun den Haaptverdächtegen, kooperéiert mëttlerweil mat de belschen Enquêteuren. Seng Aussoe belaaschten de belsche Sozialist Marc Tarabella, anerer, wéi d'Maria Arena goufen doduerch entlaascht. D'Maria Arena ass trotzdeem als Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun zeréckgetrueden - enger Kommissioun, déi probéiert iergendwéi mat deem Skandal eens ze ginn.
Aus dem Europaparlament informéiert d'Danièle Weber.