arrow_back_ios
Europa Aktuell
Simulatioun vum Europaparlament an der Schoul
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
D'Europaparlament an de Lycée bréngen. Dat war vum 1. bis den 3. Februar am Lycée Aline Mayrisch méiglech. 100 Schülerinnen a Schüler aus 12 Lëtzebuerger Lycéeën hu beim Model European Parliament matgemaach a konnten esou d'Roll vun Delegéierte vum Europaparlament iwwerhuelen. Och de Premier Xavier Bettel an de Vizepresident vum Europaparlament Marc Angel si fir en Austausch mat de Schüler op de Geesseknäppche komm. D'Marlène Clement war dat op d'Plaz kucken.