Europa Aktuell
Dréngend gebraucht: Munitioun fir d'Ukrain
5 min
Déi ukrainesch Arméi brauch dréngend Munitioun. Virun allem en vue vun enger weiderer russescher Offensiv kéint et geschwënn zu massiven Engpäss kommen.
Den EU-Chefdiplomat Josep Borrel huet dowéinst ee Bréif un d'Verdeedegungsministeren vun der EU geschéckt mam Opruff, der Ukrain Munitioun aus den eegene Stocken ofzeginn. Och iwwer d'Iddi, datt d'EU zesumme Munitioun fir d'Ukrain akeeft, gëtt zu Bréissel diskutéiert. Eng Léisung, déi séier kann an d'Praxis ëmgesat ginn, schéngt awer nach net en Vue. Vu Bréissel d'Danièle Weber