Europa Aktuell
Den Asaz vu Pegasus an Ungarn verstéisst géint EU-Gesetzer
3 min
D'Spionage-Software Pegasus gouf och an der Europäescher Unioun vu verschiddene Regierungen agesat, fir Journalisten, Politiker oder Manager auszespionéieren.
Ungarn hat dat virun zwee Joer zouginn. Déi national Dateschutz-Autoritéit huet Honnerte vu Fäll analyséiert a koum am Februar zejoert zum Schluss, datt d'Mesurë legal waren an duerchgeféiert goufen, well déi national Sécherheet a Gefor war. D'Enquêtë-Kommissioun vum Europaparlament awer zitt aner Conclusiounen.
D'Danièle Weber informéiert iwwer de Besuch vun där Kommissioun dës Woch an Ungarn.