Europa Aktuell
Nei EU-Sanktioune géint Russland: Wat ass dran am Pak, a wat net?
4 min
Ee Joer nom Ufank vum russesche Krich an der Ukrain huet d'Europäesch Unioun de Weekend deen zéngte Pak mat Sanktioune géint Russland op de Wee bruecht. Deen neie Pak ass eelef Milliarden Euro wäert.
Et wier dee gréissten Sanktiounspak, deen et jeemools gouf, sot d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen. De But wier, de russesche Krichsarsenal ze deziméieren an déif an déi russesch Ekonomie anzegräifen. Sanktionéiert goufen weider Persounen an dräi russesch Banken. Dernieft gouf den Export vu weidere Gidder wéi Maschinnendeeler, Antennen oder Ersatzdeeler fir Camionen an Turbinnen verbueden.
D'Danièle Weber mat weideren Detailer