Europa Aktuell
Säi Protokoll bezuelen - och am EU-Ausland
4 min
Wie war nach net am Fall? A Frankräich op der Autobunn oder an engem däitschen Duerf ze spéit op den Tacho gekuckt - et blëtzt - an duerno läit e Bréif an der Boîte mat der frëndlecher Opfuerderung der zoustänneger auslännescher Autoritéit ee gewësse Montant ze iwwerweisen.
Der Europäescher Kommissioun no maachen dat awer vill Leit net - si proposéiert dowéinst nei Reegelen fir eng méi effikass Zesummenaarbecht tëschent den EU-Länner.
An: De Fürerschäin um Handy amplaz vun enger Plastikskaart am Portmonni: Och dat soll der Kommissioun no geschwënn an allen EU-Länner Realitéit ginn.
D'Danièle Weber mat den Detailer