Europa Aktuell
Qatargate: EU-Kommissioun ënnersicht méiglech Interessenskonflikter
5 min
Dierf een EU-Beamten, dee vun engem Land invitéiert gëtt, sech déi Rees bezuele loossen oder muss d'Europäesch Unioun fir déi Fraise selwer opkommen? Déi Fro gëtt den Ament zu Bréissel diskutéiert. Si ass besonnesch brisant, wann d'Land, wat fir d'Reeskäschten opkomm ass, Qatar heescht.
Den Direkter vun der Transport-Sektioun an der Europäescher Kommissioun war e puermol an de Golfstaat gereest - de Qatar koum souwuel fir d'Käschte vum Fliger wéi och fir déi vum Hotel op. Dat werft Froen op, virun allem, well zur nämmlechter Zäit d'EU ee Loft-Ofkommes mam Qatar ausgehandelt huet.
D'Danièle Weber mat Hannergrënn