Europa Aktuell
Aus vum Verbrenner: Wat wëllt Däitschland?
4 min
Eigentlech war d'Enn vum Verbrenner-Moteur längst decidéiert. Am Oktober zejoert ware sech d'EU-Institutiounen no schwierege Verhandlungen doriwwer eens ginn, datt vun 2035 un an der EU just nach nei Autoen dierfen zougelooss ginn, bei deene keng klimaschiedlech Emissiounen aus dem Auspuff kommen. Däitschland huet deen Accord deemools matgedroen. Elo awer stellt d'Land op emol Konditiounen.
D'Europäesch Kommissioun soll ënnersichen, ob net awer nach kéinte Verbrenner-Moteuren agesat ginn, déi mat klimafrëndlechen, syntheetesche Brennstoff lafen. Vu Bréissel mellt sech d'Danièle Weber.