Europa Aktuell
Portugal: Keng TVA méi op 44 Liewensmëttele vu Mëtt Abrëll un
4 min
D'Inflatioun ass zwar a Portugal am Mäerz wéi a villen EU-Länner liicht zeréckgaangen, haaptsächlech louch dat un de méi nidderegen Energiepräisser. Bei de Liewensmëttele gouf et allerdéngs net déi nämmlecht Entwécklung: De Präis vum Räis huet sech beispillsweis verduebelt. D'Regierung huet dowéinst elo decidéiert anzegräifen a keng TVA méi op 44 Grond-Liewensmëttel-Produiten ze erhiewen. D'Mesure soll vu Mëtt Abrëll un a Kraaft trieden. Eis Korrespondentin zu Lissabon d'Marie-Line Darcy huet Detailer