Europa Aktuell
Macron: "Mir mussen eis Alliéiert selwer eraussiche kënnen"
5 min
D'Relatioun tëschent der EU a China bleift och eng Woch no der Visitt vum franséische President an der Cheffin vun der Europäescher Kommissioun Ursula von der Leyen ee Sujet, iwwer dee vill diskutéiert gëtt. Ënner anerem Aussoe vum Emmanuel Macron iwwer Taiwan an déi europäesch Onofhängegkeet - och vun den USA - haten de Weekend fir Opreegung gesuergt.
Dowéinst war seng Ried gëschter zu Den Haag mat Spannung erwaart ginn. Wie sech do awer erwaart hat, déi franséisch Positioun géif méi kloer ginn, gouf enttäuscht, fënnt d'Danièle Weber, dat den Discours gëschter suivéiert huet.