Europa Aktuell
Rietsextremiusmus ouni Zuelen
4 min
Mat der Corona-Pandemie sinn d'Zuelen vu rietsextremistesche Fäll an Éisträich staark geklommen. Fir esou Entwécklungen an d'Gefore besser aschätzen ze kënnen, hat d'Regierung ee Rapport an Optrag ginn, deen elo am Mee sollt erauskommen. E sollt Zuele liwweren an ermëttelen, a wéi enge Formen de Rietsextremismus an Éisträich optrëtt. Dee Bericht léisst allerdéngs op sech waarden. Eigentlech sollt duerno een Aktiounsplang géint Rietsextremismus lancéiert ginn. Och dat wäert dann awer nach daueren. Vu Wien, ee Bäitrag vum Cyrille Hill