Europa Aktuell
Moldawien empfänkt Europäesch Politesch Communautéit
5 min
Dat kléngt Moldawien oder wéi d'Land offiziell heescht: "Republik Moldau" ass ee vun deene Länner an Europa, déi am meeschte vum Krich an der Ukrain betraff sinn. Déi fréier Sowjet-Republik läit tëscht Rumänien an der Ukrain a war bis viru Kuerzem staark ofhängeg vu Russland. Déi pro-europäesch Regierung a Moldawien wëll dat änneren an zielt op d'Hëllef vun der Europäescher Unioun. Muer sinn an der Haaptstad Chisinau 47 Staats- a Regierungscheffen op Besuch - fir de Sommet vun der sou genannter Europäescher politescher Communautéit. Eng Chance fir d'Republik, op sech opmierksam ze maachen.