Bewosst Gesond
Eat the Rainbow - Méi Faarf op den Teller
7 min
D'Faarwe vun de Liewensmëttelen um Teller an d'Funktioun vun deem jeeweilege Liewensmëttel am Kontext fir eis Gesondheet:
Uebst an Geméis enthale sougenannt Phytonärstoffer, deene Planzen hir kräfteg Faarwen an hire Goût an Aroma verdanken. Phytonährstoffer, oder och sekundar Pflanzenstoffe si bioaktiv Substanzen, déi vun de Planze gebilt ginn. Si dengen dem Stoffwiessel vun der Planz net onbedéngt als Energieliwwerant, si hunn awer aner wichteg Funktiounen, dofir gi se sekundar genannt.
Phytonärstoffer stäerken den Immunsystem vun der Planz a schützen d'Planz viru Bedreeungen an hirer natierlecher Ëmgéigend wéi Krankheeten zum Beispill.
Phytonärstoffer hunn eng staark Wierkung géint Kriibs an Häerzkrankheeten. Wann eis eng Faarf feelt, feelt eis Funktioun vun deem Liewensmëttel.
Weider Explikatioune vun der Dieteticienne Stéphanie Rosquin