Europa Aktuell
Russescht Verméige fir d'Ukrain: Borrell bleift ganz virsiichteg
5 min
Zanter Méint gëtt an der EU doriwwer diskutéiert, wéi ee russescht Verméigen, dat am Ausland agefruer ass, kéint der Ukrain zoukomme loossen. Et ass juristesch komplizéiert an och ëmstridden, ob et iwwerhaapt ee legale Wee dofir gëtt, déi russesch Suen einfach anzwousch anescht anzesetzen.
D'Cheffin vun der Europäescher Kommissioun Ursula von der Leyen wëllt nach virum Summer eng Propos dofir op den Dësch leeën - allerdéngs schéngt dee Plang nach net sprochräif ze sinn, dat confirméiert den EU-Chefdiplomat Josep Borrell am 100,7-Interview um Mikro vum Danièle Weber.