Europa Aktuell
Europäesche Rechnungshaff schléit Alarm wéinst EU-Klimaziler
4 min
D'Europäesch Unioun riskéiert hir Klimaziler net ze erreechen. Dat seet e Rapport vun der Europäescher Cour des Comptes.
Dem europäesche Klimagesetz no, dat sech d'EU am Juli 2021 ginn huet, solle bis 2030 d'Emissiounen an der EU ëm 55 Prozent par Rapport zum Niveau vun 1990 reduzéiert ginn.
D'Cour des Comptes huet gerechent a verglach a kënnt zum Schluss, datt bis elo wéineg drop hiweist, datt d'Mesuren, déi bis elo geholl goufen, duerginn, fir d'Ziler ze erreechen. D'Danièle Weber huet sech dee Rapport méi genee ugekuckt.