Bewosst Gesond
Erfrëschungsgedrénks: méi saisonal a regional
10 min
De Kierper vum Mënsch besteet zu méi wéi d'Hallschent aus Waasser. Ee Jugendlechen an Erwuessene soll mindestens 1,5 Liter Flëssegkeet zou sech huelen, wat aacht Glieser entsprécht. De Kierper scheet awer och stänneg Waasser iwwer Nieren, den Daarm, d'Haut an och d'Longen aus. Dofir ass eng reegelméisseg Waasserzoufuer lieweswichteg. Besonnesch beim Sport oder elo am Summer bei waarmen Temperature killt d'Waasser d'Kierpertemperatur beim Schweessen of.
Een Drëttel vum Bedarf u Flëssegkeet gëtt iwwer d'Iessen, besonnesch Geméis an Uebst ofgedeckt, a méi wéi d'Hallschent iwwer Gedrénks. Dëst ass näischt Neies, awer wat soll een zou sech huelen? D'Simone Dégardin, Dieteticienne vun der Ecole du Goût huet e puer Tippen.