Europa Aktuell
Gefor vu Feier: Portugal setzt op Preventioun
3 min
Portugal bleift den Ament vu Caniculle verschount, mee d'Temperature sinn iwwer 30 Grad an d'Vegetatioun ass deels ausgedréchent. Op verschiddene Plazen ass scho Feier ausgebrach an et gëtt gefaart, datt d'Situatioun méi schlëmm gëtt. D'Regierung huet decidéiert, méi an d'Preventioun ze stiechen a setzt d'Surveillance erop, fir datt séier agegraff ka ginn. D'Marie-Line Darcy informéiert, wéi sech de Portugal op dëse Summer preparéiert huet.