Bewosst Gesond
Bauchfett am Fokus: Gesondheet an Ofhuelen
6 min
Bauchfett läit ënner der Bauchdecken ronderëm wichteg ënnerlech Organer. Et produzéiert Hormoner a begënschtegt Entzündungen, wat de Risiko fir Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen erhéicht.
D'Usammlung vu Bauchfett gëtt duerch genetesch Veranlagung, Alter a Liewensstil beaflosst. E Manktem u Beweegung an eng zocker- a kuelenhydraträich Ernärung begënschtegen d'Bildung vu viszeralem Fett. Raffinéiert Käreproduiten a Séissegkeete loossen de Bluttzockerspigel séier an d’Luucht goen, wat zu enger erhéichter Ausschëddung vun Insulin féiert. Dëst reduzéiert d'Fettverbrennung a begënschtegt d'Fettspäicherung.
Fir Bauchfett ze reduzéieren, solle Bluttzocker-Picke miniméiert ginn. Dëst kann duerch länger Niichterphasen / oder Faascht-Phasen ? an de Verzicht op zockerhalteg Liewensmëttelen erreecht ginn. Ballaststoffer aus Uebst, Geméis an Nëss zum Beispill loossen de Bluttzockerspigel méi lues an d‘Luucht goen. Och Stress kann duerch de Cortisol d‘Usammlung vu Fett am Bauchberäich ausléisen. Explikatioune mat der Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin
Presentéiert vum
- Angie Maquil