Bewosst Gesond
Wisou ass en gemeinsamt Familljeniessen esou wichteg?
9 min
Haut beschäftege mir eis mat engem Thema, dat sécherlech vill vun eis aus dem Alldag kennen: d'gemeinsam Familljeniessen. Mee firwat ass dëse scheinbar banale Moment eigentlech sou wichteg?
Wat bewierkt dat Zesummekommen um Iessdësch, net nëmme fir d'Elteren, mee besonnesch fir d'Kanner?
Eng ganz Rëtsch vu wëssenschaftlechen Etüde weisen, dass zesummen Iesse méi ass wéi nëmmen d'Erfëlle vun den alldeegleche Besoinen.
Dee Moment dréit zur sozialer a kognitiver Entwécklung vun de Kanner bäi a kann esouguer hëllefen, hir emotional Intelligenz ze stäerken. Mee wéi funktionéiert dat ?
Am Studio steet d'Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin Reit an Äntwert.