Een Drëttel vun alle Liewensmëttel, déi weltwäit produzéiert ginn, ginn ewech gehäit. Liewensmëttelverloschter a -verschwendung bleiwen ee vun dee gréisste Problemer vun eisem moderne Liewensstil. Et ass wichteg dësen unzegoen, well d'Ressourcen, déi een an der Produktioun brauch, wéi Waasser, Aarbechtskraaft an Energie, einfach verluer ginn. Och si Liewensmëttelverloschter a -verschwendung fir bis zu 10 Prozent vun de Zäregasemissioune verantwortlech ass, där hir Reduktioun kruzial ass fir d'global Erwiermung ze limitéieren. Well d'Ursaache vun dësem Problem systemesch sinn, hat Foodsharing Luxembourg am Februar 2023 eng éischt Versioun vun hire politesche Fuerderunge verëffentlecht - https://foodsharing.lu/lb/politesch-fuederungen/ - an se virun de Walen u Politiker:innen a Minister:inne geschéckt.
An der Tëschenzäit hu méi europäesch Länner Gesetzer géint d'Liewensmëttelverschwendung agefouert, a Foodsharing Luxembourg hat virun engem Joer eng Podiumsdiskussioun mat Expertinnen a Politiker:innen zum Thema organiséiert. Explikatioune mam Daniel Waxweiler vu Foodsharing Luxembourg