Bewosst Gesond
Zockeralternativen: Gesond Alternativen oder just en Hype?
9 min

Zocker ass an engem groussen Deel vun eise Liblingsplaten, mee hien huet e säi schlechte Ruff. Vill Leit gräifen dofir op Alternative wéi Hunneg, Agavendicksaft oder Bierkenzocker zeréck. Mee sinn dës wierklech besser?
Mir kucken eis hei dës Zockeralternativen un. Vill Leit sichen no Alternativen zum gewéinlechen Haushaltszocker - dacks wéinst gesondheetleche Bedenke wéi Iwwergewiicht, Diabetes oder dem Wonsch no méi natierleche Produiten. Et gëtt awer séier kloer, datt keng Alternativ perfekt ass: Hunneg huet antibakteriell Eegenschaften, enthält awer bal souvill Kalorië wéi Zocker. Agavendicksaft spuert Kalorien, huet awer e ganz héije Fruktosgehalt a keng gutt CO2-Bilanz. Bierkenzocker ass gutt fir d’Zänn, mee ka Verdauungsproblemer verursaachen.
Och den Ëmweltaspekt spillt eng Roll, well vill Alternative wäit transportéiert oder opwänneg hiergestallt ginn. Déi wichtegst Erkenntnis? Déi bescht Alternativ zum Zocker ass dacks einfach manner dovun ze konsuméieren - fir d’Gesondheet an d’Ëmwelt. Manner ass méi, an e bewosste Genoss mécht den Ënnerscheed.
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden

D‘Kraaft vun der Meditatioun
Wat ass den Impakt vu reegelméissegem Meditéieren op eis Gesondheet a Wuelbefannen?

Zockeralternativen: Gesond Alternativen oder just en Hype?
Zockeralternative wéi Hunneg, Agavendicksaft a Bierkenzocker hunn hir Vir- an Nodeeler. Och wa se méi gesond wierken, hu se dacks ähnlech vill Kalorien, wäit Transportweeër oder aner Nodeeler.

Nohalteg, gesond an individuell: Trends an der Ernärung 2025
200 Experten aus Wëssenschaft a Praxis hunn am Hierscht 2024 d’Entweckung am Beräich Ernärung vun eisen däitschen Nopere fachlech analiséiert.

Ultra-verarbeitete Lebensmitte- warum meiden ?
Natürlich sind sie in aller Munde: Ultra-verarbeitete Lebensmittel. Diese durchlaufen viele Produktionsprozesse und enthalten viele Zusatzstoffe. Studien zeigen dass ein hoher Konsum die Gesundheit schädigen kann. Warum ?

Ernärung, Daarmflora a Gesondheet – Wou läit den Zesummenhang?
Den Daarmmikrobiom, ass e komplexen Ökosystem deen aus 100.000 Milliarde Mikroorganisme besteet, an eng zentral Roll fir eis Gesondheet spillt. Wéi awer beaflosst d'Ernärung d'Zesummesetzung an d'Funktioun vum Mikrobiom?

Iesstraditioun am Nepal: Erausfuerderungen a Verännerungen
Dal Bhat ass hiren nationale Plat, wat eng ideal Balance vu Kuelenhydrater, Proteinnen a Mikronärstoffer bitt.

Comfort food, Alimentation réconfortante
Iessen, fir sech wuelzefillen - Mindfull eating

Aktuell Ernärungstrends
Mir diskutéieren iwwer de Stellewäert vun den aktuellen Ernärungstrends bei jonke Mënschen.

Eng Kalorie ass net gläich eng Kalorie
De Fokus soll op enger bewosster Auswiel vu Liewensmëttel leien, well all Kierper eenzegaarteg op Kalorië reagéiert.

Schwaarzt a gréngt Gold
Olive fir d'Gesondheet

D'Bekämpfung vun den Antibiotique-Resistenzen zesumme mat der ALVA
Sensibiliséirungwoch 18.-24. November 2024, fir e gudde Gebrauch mat Antimikrobe-Medikamenter

Den Immunsystem mat der richteger Ernärung stäerken
Déi richteg Ernärung liwwert wichteg Närstoffer fir e staarken Immunsystem. Vitaminnen, Mineralstoffer a gesond Daarmbakterien hëllefen, Infektiounen ofzewieren an de Kierper widderstandsfäeg ze halen.

Wat bedeit d'Rekommandatioun: Fënnef Portiounen den Dag
Wéi kéint dat konkret ausgesinn, wann ee fënnef Portiounen Uebst a Geméis an engem Dag abaut?

Hierschtblues an d'Ernärung
Kann een duerch d'Ernärung déi méi depressiv Stëmmung an de Wanterméint virbeugen?

75 Joer École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg
En Interview mam Direkter vun der EHTL

Revisioun vun de politesche Fuerderunge vu Foodsharing Luxembourg
Liewensmëttelverloschter a -verschwendung bleiwen ee vun dee gréisste Problemer, déi eis modern Gesellschaft ugoe muss.

Wisou ass en gemeinsamt Familljeniessen esou wichteg?
Eng ganz Rëtsch vu wëssenschaftlechen Etüde weisen, dass zesummen Iesse méi ass wéi nëmmen d'Erfëlle vun den alldeegleche Besoinen.

Waasserkefir
Am Handel fënnt een ëmmer méi sougenannte pro-biotesch Produiten.Mëllech-Kefir, Kombucha ma och Waasserkefir ass e pro-biotescht Gedrénks, a vun deem huele mer haut eng Schlupp.

Am léifste Pasta, an am léifsten al dente!
Mee wéi gesond sinn Nuddelen eigentlech?
