Labele fir Liewensmëttel, wéi z. B. den Nutri-Score, Sugar Tax, also d’Zockersteier oder d’NOVA-Klassifizéierung sollen de Verbraucher hëllefe méi gesond Entscheedunge beim Akafen ze huelen. Den Nutri-Score bewäert d’Närstoffqualitéit, wärend d’Zockersteier de Konsum vun Produkter mat vill Zocker soll reduzéieren. D’NOVA-Klassifizéierung weist wéi vill d’Liewensmëttel verschafft sinn, well ultra-transforméiert Produkter bekanntlech mat ville Gesondheetsrisike verbonne sinn.
Et gëtt allerdéngs Widderspréch: E Produkt kann z. B. e gudden Nutri-Score hunn an awer staark veraarbecht gi sinn. Dogéint huet en natierlecht Produkt, wéi z. B. Kéis, e schlechten Nutri-Score, just well et fetträich ass.
Eng Kombinatioun aus verschiddene Labele kéint dozou bäidroen, besser Entscheedunge fir méi eng gesond Ernärung ze erliichteren an domat géint Gesondheetsproblemer wéi Iwwergewiicht, Diabetes an Häerz-Kreeslafkrankheeten ze kämpfen.
Wärend Nutri-Score an Zockersteier scho benotzt ginn, gëtt iwwer eng offiziell NOVA-Kennzeechnung nach diskutéiert, zemools et staarke Widderstand vun der Liewensmëttelindustrie géint dës Labele gëtt. Trotzdeem wiisst d’Bewosstsinn an den Drock op Politik a Wirtschaft. An Zukunft kéint eng Kombinatioun aus verflichtende Labelen an eng kloer an transparent Opklärung fir d’Verbraucher hëllefen d’Akzeptanz ze verbesseren an de Choix fir méi eng gesond Ernärung ze erliichteren.
Explikatioune mam Sylvie Paquet, Dieteticienne a Presidentin vun der ALD - Association Luxembourgeoise du Diabète