D’Hauskazen (Felis catus) si beléift Hausdéieren, déi eis Freed a Gesellschaft bréngen. Gläichzäiteg kënnen hire Juegdinstinkt en Afloss op déi lokal Biodiversitéit hunn. Kazen, déi dobaussen aktiv sinn, fänke vill kleng Déieren - haaptsächlech Vullen a kleng Mamendéieren - wat d‘Gläichgewiicht an der Natur stéiere kann. Besonnesch an empfindlechen Ökosystemer kann dat zum Réckgang vu geschützten Aarte féieren. Et kann och zu geneetesche Vermëschunge mat der Wëllkaz (Felis silvestris) féieren.
D‘Zil ass et e Bewosstsinn ze schafen. Mat einfache Gewunnechten, déi un d‘Verhale vun all Kaz ugepasst sinn, kann een hiren Impakt op d’Biodiversitéit verbesseren, ouni hiert Wuelbefannen a Fro ze stellen.
Explikatioune vum Gil Kirchen, Projetkoordinator bei der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL